Haass-TweetsPolice vu Köln mécht Plainte géint Beatrix von Storch

D'Vizepresidentin vun der AfD-Fraktioun am Bundestag hat sech op Silvesterowend iwwert en Tweet vun der Kölner Police opgereegt.

D'Police hat an e puer Sproochen all Guddes fir d'neit Joer gewënscht hat, dorënner op Arabesch.

D'AfD-Politikerin huet d'Fro opgeworf, ob d'Police effektiv géif mengen, déi wéi si sot, barbaresch a moslemesch Horden u Männer, déi fir Gruppevergewaltegunge responsabel sinn, ze calméieren.

Twitter huet doropshin hiren Account fir 12 Stonne gespaart mam Verweis op e Verstouss géint d'Reegelen iwwer Haass-Contenuen.




D'Police vu Köln mécht elo Plainte géint d'AFD-Politikerin Beatrix von Storch. Et gëllt de Verdacht vu „Volksverhetzung“.