VIDEO: Mann a Brand zu ParäisD'Police hat gläichzäiteg en Taser an Tréinegas agesat

De Mann am Video, dee Poliziste probéiert hunn ënner Kontroll ze bréngen, huet zum Gléck keng schlëmmer Blessuren dovu gedroen.

Taser an Tréinegas sinn eng geféierlech Mëschung (11.01.2018)
D'Police vu Paräis huet en Dënschdeg e Virfall vun 2013 confirméiert, woubäi e Mann liicht blesséiert gouf.

De Mann, deen d'Beamten agresséiert huet, gouf gläichzäiteg getasert a mat Tréinegas besprëtzt. Déi Mëschung huet dozou gefouert, datt eng Stéchflam entstanen ass.

Den Dënschdeg huet d'Paräisser Police en Tëschefall confirméiert, dee sech schonn am Joer 2013 zougedroen hat.

E Mann hat sech bei enger Konfrontatioun mat de Beamte liicht Blessuren zougezunn, nodeems si sech anscheinend net méi anescht ze hëllefe woussten, wéi de Mann gläichzäiteg ze taseren a mat Tréinegas unzesprëtzen.

Um Ufank vum Video ass nach ze gesinn, wéi de Mann d'Poliziste beleidegt a menacéiert. D'Beamte soen him, hie soll ophalen a sech berouegen. Da geet alles bemol ganz séier. Dem Mann, deem säin Aarm blutt, gëtt vun engem Knëppel geschloen a getasert. Den elektreschen Impuls vum Taser, respektiv d'Fonken déi dobäi entstane sinn,  schéngt dunn d'Tréinegas entzünt ze hunn an de Mann gëtt vu Flamen iwwerrascht. Während de Polizist mam Taser iwwerrascht freet, wien d'Tréinegas gesprëtzt hätt, probéiert hien de Mann ze läschen.