Pierre AgnèsDe Patron vu Quicksilver gëtt vermësst

D'Boot vum 54 Joer ale Pierre Agnès, President vum Grupp Boardriders Inc, ass um Dënschdeg de Moie fonnt ginn - awer ouni hien.

Vum Chef vu Quicksilver, Pierre Agnès, feelt weiderhin jiddwer Spuer.
Franséisch a spuenesch Rettungsequippe sinn am Gaangen nom Chef vun der bekannter Kleedermark ze sichen. Säi Boot ass um Dënschdeg virun enger Plage am Südweste vu Frankräich fonnt ginn. De Pierre Agnès war moies fréi eraus gefuer fir ze fëschen. Méi spéit soll hien nach gefunkt hunn, dass hie wéinst Niwwel méi spéit erëm kéim, melle franséisch Medien. Knapp 3 Stonnen drop gouf d'Schëff eidel um Strand fonnt.
En Dënschden gouf de ganzen Dag iwwer nom Mann gesicht, allerdéngs ouni Succès.

De Pierre Agnès huet seng Karriär bei Quicksilver virun 30 Joer ugefaangen.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.