BourssenWall Street erhëlt sech no "Flash Crash"

No der rasanter Chute an de leschten Deeg, sinn d'Coursen op der Wall Street en Dënschdeg nees däitlech geklommen.

De Leetindex Dow Jones louch fir d'Clôture bei 24.913 Punkten, dat war e Plus vu ronn 570 Punkten oder 2,33%.

E Méindeg hat den Dow Jones 4,6% verluer. Et war dëst déi schlëmmste Chute zanter iwwer sechs Joer.

Och aner Indicen hunn en Dënschdeg nees däitlech dobäi gewonnen. Den dramatesche Réckgang war ënnert anerem duerch d'Suergen ëm déi zukünfteg Strategie vum neie Chef vun der Federal Reserve, Jerome Powell, ausgeléist ginn.