TaiwanHotel no Äerdbiewen ëmgekippt, Zuel vun Affer klëmmt op 9

Bei engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 6.4 op der Richterskala sinn op Taiwan op d'mannst 9 Persounen ëm d’Liewe komm.

No engem schwéieren Äerdbiewen op Taiwan ass d'Zuel vun den Doudesaffer op bis elo 9 geklommen. En Donneschdeg de Moie goufen nach d'Läiche vun enger Fra a vun engem Mann fonnt. Dat 12 Stäck héicht Gebai war e Mëttwoch op d'Säit gekippt, well déi ënnescht Stäck agebrach waren. Am Ganze ginn nach 62 Persoune vermësst.

Wéinst engem Nobiewen hunn d'Rettungsequippen mussen ëmmer nees hir Sichaktioun ofbriechen. D'Biewen hat eng Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala. De Schued un der Ostküst vun Taiwan ass grouss. Op mannst 266 Mënsche goufe blesséiert.

Een Hotel ass nodeems de Buedem gewackelt hat, deels an e Coup gefall. Op Biller gesäit een wéi d’Gebai sech op d’Säit kippt.

LINK: Méi doriwwer op 5minutes.rtl.lu.