Strooss an de Koup gefall8 Mënschen a China ëm d'Liewe komm, 3 weiderer gi vermësst

E Mëttwoch den Owend ass am chinesesche Foshan eng Strooss an de Koup gefall, well Waasser an den ënnerierdesche Schantje vun der Metro gelaf war.

© AFP

Op d'mannst 8 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, 3 aner Leit gi vermësst an 9 Aarbechter konnte gerett ginn. Ob et sech bei den Affer a Vermëssten och ëm Aarbechter handelt, ass nach net gewosst.

D'Lach an der Strooss ass 7 Meter déif a sou grouss wéi 2 Footballsterrainen.

Aarbechtsaccidenter sinn a China, wou dacks d'Sécherheetsbestëmmungen net agehal ginn, keng Seelenheet. Eleng d'lescht Joer si landeswäit 38.000 Mënschen bei Accidenter op der Aarbecht gestuerwen.