JapanDécke Schnéi a Stuerm suerge weiderhi fir massiv Problemer

Ronn 350 Autoe stiechen nach ëmmer tëschent Sakai an Awara fest, dat ass ronn 350 km westlech vun Tokio.

Ronn 1500 Zaldote sinn am Asaz fir ze schëppen a fir d'Leit mat Waasser, Iessen a Bensin ze versuergen.

Op d'mannst 3 Leit si beim Wanterstuerm ëmkomm, Dosende Mënsche goufe verwonnt.