"Rumeurs ignominieuses"Nicolas Hulot dementéiert Reprochë vu sexueller Belästegung

Et geet ëm en Artikel, deen e Freideg an der Zeitung "Ebdo" soll erauskommen. An dësem geet et ëm presuméierten "harcèlement sexuel".

De franséischen Ëmweltminister huet um Donneschdeg op BFM TV dementéiert. Hie wier mat där Persoun, ëm déi et geet, a Kontakt an déi géing dat Ganzt genee sou dementéieren ewéi hien.

Et wier och falsch, datt hie mat Sue versicht hätt, Leit monddout ze maachen.