Am FueskostümZu Tréier-Ehrang gouf d'Läich vun enger Fra fonnt

D'Police freet no Zeien, nodeems e Freideg eng Läich fonnt gouf. D'Fra konnt awer antëscht identifizéiert ginn. Si ass 48 Joer al a vun Tréier.

Déi genee Ëmstänn sinn nach net gekläert. D'Police enquêtéiert a se geet awer net vun engem Verbriechen aus.

D'Fra hat e wäiss-bloe Kostüm un, ähnlech wéi e Matrousekostüm. Dann nach eng donkelblo Wanterjackett mat Pelz.

All d'Informatioune si fir d'Police vu Schweich um Telefon +49 (0)6502/9157-10.