Prozess Béatrice BerlaimontPierson schëlleg gesprach gi wéint Mord um jonke Béatrice

De Jérémy Pierson ass wéinst dem Mord, dem Kidnapping, der Vergewaltegung an der Sequestratioun vum Béatrice Berlaimont schëlleg gesprach ginn.

D'Meedche vun Arel war jo den 21. November 2014 um Schoulwee verschwonnen an 10 Deeg duerno dout fonnt ginn.

Dat Onglécklecht war erstéckt. Wéini d'Héicht vun der Strof bekannt gëtt, gouf nach net gesot. Doriwwer soll en Donneschdeg am Prozess geschwat ginn.

Am Prozess zu Arel haten och Lëtzebuerger Beamten ausgesot. Den Ugeklote krut nämlech reprochéiert, eng Joggerin am Lavalspark agresséiert ze hunn. Donieft huet sech de Jérémy Pierson virun engem versichte Viol eng Course-Poursuite mat der Lëtzebuerger Police geliwwert.