FloridaOp d'mannst 17 Doudeger bei Schéisserei an enger Schoul

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et nees eng Schéisserei an den USA an enger Highschool a Florida, eng 80 Kilometer vu Miami ewech.

Dobäi koumen op d'mannst 17 Schüler an Erwuessener ëm d’Liewen. Wéi et vum Sheriff op der Plaz heescht, hätt een den Täter, ee jonke Mann vun 19 Joer, festgeholl, ouni datt dee sech weider gewiert hätt.



De fréiere Schüler war vun der Schoul zu Parkland aus disziplinaresche Grënn geflunn. Schonn an der Vergaangenheet wier hien duerch Menacë géintiwwer senge Matschüler opgefall, heescht et vun offizieller Säit. Et hätt een och Annoncen op soziale Netzwierker vum jonke Mann fonnt, déi beonrouegend wieren.

De Sheriff wollt allerdéngs d’Informatioun net confirméieren, datt de presuméierten Täter fir d’éischt ee Feieralarm ausgeléist huet, fir d’Schüler aus de Klassesäll erauszelackelen.



Den amerikanesche President Donald Trump huet nom Massaker an der Schoul zu Florida getwittert, datt kee Kand, kee Schoulmeeschter oder soss ee sech an enger amerikanescher Schoul sollt onsécher fillen.



Vill Leit kritiséieren awer den Donald Trump, well hie sech net fir déi sougenannte "Gun Control", also e méi reglementéiert Waffegesetz wëll asetzen.

Dëst soll, esou d'Kritiker vum Republikaner, schonn déi 18. Schéisserei an enger Schoul an den USA dëst Joer sinn, woubäi net ëmmer Leit dobäi ëm d'Liewe koumen ... déi 291. zënter 2013.