Albanien a MazedonienEU-Kommissioun fir ee séieren Elargissement vun der EU

D'Europäesch Kommissioun ass fir ee séieren Elargissement vun der EU ëm d'West-Balkanstaaten Albanien a Mazedonien.

© AFP

D'Kommissioun soll de Memberlänner héchstwahrscheinlech bis de Summer recommandéieren, mat deenen zwee Länner iwwert e Bäitrëtt ze verhandelen, sou den zoustännegen EU-Kommissär Johannes Hahn an engem Interview mat der Zeitung "Die Welt". D'Leit an dëse Länner hätten eng konkret europäesch Perspektive verdéngt.