NeunkirchenLäich vun eelerer Fra entdeckt, Bouf gouf verhaft

Zu Neunkirchen am Saarland ass en Donneschdeg d’Läich vun enger eelerer Fra fonnt ginn.

D’Police geet vun engem Gewaltverbriechen aus, an huet de 49 Joer ale Bouf vun der Fra schonn op Uerder vum saarlännesche Parquet festgeholl.

Eng Obduktioun soll Kloerheet iwwert d’Ëmstänn vum Doud liwweren. De Verdächtegen huet bis ewell näischt zu deem Ganzen gesot.