Exekutioun gestopptZum Doud veruerteelte Prisonnéier begnodegt

De Gouverneur vum US-Bundesstaat Texas huet an der Nuecht op e Freideg en zum Doud veruerteelten Prisonnéier a leschter Minutt begnodegt.

© AFP

Kuerz virun der geplangter Exekutioun gouf d’Doudesstrof a liewenslängleche Prisong ëmgewandelt.

Den 38 Joer ale Mann hat den Doud vun direkt e puer Familljememberen an Optrag ginn. Säi Papp hat iwwerlieft an huet sengem Bouf verzien a sech och jorelaang fir eng Begnodegung agesat.

Et ass déi éischte Kéier, dass den texaneschen Gouverneur Greg Abbott en Doudesuerteel annuléiert huet.