VIDEO: Trotz gestëmmter WafferouAktiviste melle Gëftgasattack op Ost-Ghuta

Duerch eng presuméiert Gëftgasattack op Ost-Ghuta soll no Donnéeë vun Aktivisten e Kand ëm d'Liewe komm sinn.

Weider 13 Mënschen hätten e Sonndeg no der Attack iwwer Otemproblemer geklot. Eng Fra schwieft a Liewensgefor, sou de Syreschen Observatoire fir Mënscherechter. En Dokter, deen d'Affer behandelt huet, sot, dass et et sech wahrscheinlech ëm en Asaz mat chemesche Waffe gehandelt hätt. Wahrscheinlech Chlorgas.

Déi syresch Regierung hat am September 2013 no enger schlëmmer Gëftgasattack zu Ost-Ghuta, op internationalen Drock hin zougesot, all chemesch Waffen ze eliminéieren an ze zerstéieren. Allerdéngs ginn et ëmmer nees Informatiounen, dass d'Land nach am Besëtz vu chemesche Waffe wier.


Trotz der UN-Resolutioun iwwert eng Wafferou a Syrien hunn d'Regierungstruppen d'Rebellenhéichbuerg Ost-Ghuta e Sonndeg de Moien op en Neits bombardéiert.

Syrien: Wafferou just um Pabeier (25.02.2018)
Obwuel offiziell eng Wafferou besteet, gouf Ost-Ghuta op en Neits bombardéiert.


Zwou Attacken aus der Loft gouf et um Bord vun der Haaptstad vun Damaskus. Donieft sollen 3 Ziler zu Ost-Ghuta mat Rakéite an Artillerie beschoss gi sinn.

Op Twitter huet d'Rebellegrupp Dschaisch al-Islam iwwert d'Loftattacke geschriwwen a matgedeelt, dass déi versichten Ugrëff vun de Regierungstruppen ofwiere konnten.

Den Direkter vun Handicap International Lëtzebuerg, Martin Lagneau, ass op der Plaz a schwätzt vun enger Eskalatioun vum Konflikt. 40.000 Ziviliste wieren souzesoe gefaangen - kënnen net emol virun de Bombardementer flüchten.

De Martin Lagneau



Handicap International fuerdert, datt déi systematesch Bombardementer an Zonen, wou Leit wunnen, ophale missten. Et wier eleng d'Zivilgesellschaft, déi ënnert dësen Attacke géing leiden. Donieft misst och onbedéngt den Zougang zu humanitärer Hëllef méiglech gemaach ginn an d'Hëllefsorganisatioune protegéiert ginn, sou nach de Martin Lagneau.

Handicap Internat. zu Ost-Ghuta/Interview vum Dany Rasqué





Déi bluddeg Bombardementer op Ost-Ghuta sinn um Méindeg och en Thema, wann zu Genève den UNO-Mënscherechtsrot eng éischte Kéier fir dëst Joer beieneekënnt. An dem Kontext dierft den UNO-Kommissär fir Mënscherechter, Said Raad-al-Hussein säin Appell un déi syresch Regierung widderhuelen, d'Attacken op d'Rebellenhéichbuerg ze stoppen.

No deeglaangen Negociatiounen a laangem Widderstand vu Moskau hate sech déi 15 Memberstaaten jo e Samschdeg zu New York eestëmmeg fir eng Resolutioun ausgeschwat. Doran gëtt eng 30 Deeg laang Wafferou, méiglechst direkt gefuerdert.

De Poopst Franziskus huet d'Konfliktparteien a Syrien dozou opgeruff, sech direkt un den dekretéierte Waffestëllstand ze halen. D'Kämpf musse gestoppt ginn, fir humanitär Hëllef op d'Plaz ze loossen a fir datt déi Krank an déi Blesséiert evakuéiert kënne ginn, sou de Poopst e Sonndeg zu Roum.

D'Bundeskanzlerin Angela Merkel an de franséische President Emmanuel Macron hunn e Sonndeg mam russesche President Wladimir Putin iwwert d'Ëmsetzung vun der UNO-Resolutioun fir eng Wafferou a Syrien geschwat. Via Telefon hunn déi dräi Politiker d'Resolutioun vum UNO-Sécherheetsrot begréisst. Macron a Merkel sollen hirersäits de Wladimir Putin opgeruff hunn, maximalen Drock op de syresche Regimm ze maachen.

D'Tierkei huet d'UNO-Resolutioun fir d'Wafferou a Syrien begréisst, fillt sech awer, net dru gebonnen. Trotz der Resolutioun, sinn d'Affrontementer tëscht der tierkescher Arméi an der Kurdemiliz YPG an der Regioun Afrin am Nordweste vu Syrien nämlech weidergaangen, wéi de syreschen Observatoire fir Mënscherechter gemellt huet. Ankara hat direkt schonn annoncéiert weider géint déi Zitat "terroristesch Organisatiounen" virzegoen.

Déi aktuell Kris a Syrien steet um Méindeg och am Mëttelpunkt vun engem EU-Ausseministerconseil zu Bréissel. Offiziell steet Thema wuel net op der Agenda, mä duerch déi permanent Attacken op d'Rebellenhéichbuerg Ost-Ghuta, trotz der UNO-Resolutioun, kommen d'Ausseminister net dolaanscht, sech mat der Kris ze beschäftegen. Bei de Gespréicher dobäi ass och de Lëtzebuerger Diplomatiechef Jean Asselborn. Fir d'EU geet et virun allem drëms ze préiwen, wéi nach méi fir d'Zivilpopulatioun ka gemaach ginn.

Fir den Ausseminister Jean Asselborn ass et op der enge Säit u Russland an Iran an op der anerer Säit den USA an der Tierkei fir dës Barbarei ze stoppen.

Ost-Ghuta ass zanter enger gudder Woch quasi ënner Dauerbeschoss duerch d'Regierungstruppen. Iwwer 500 Ziviliste wieren dobäi ëm d'Liewe komm, dovun eleng ronn 100 Kanner. Knapp 40.000 Mënsche sinn an där Regioun vun der Baussewelt ofgespaart.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.