39 DoudegerRusseschen Transportfliger a Syrien erofgefall

Am Biergerkrichsland ass um Dënschdeg de Mëtten e russeschen Transportfliger erofgefall.

© AFP Archivbild

Dem Verdeedegungsministère zu Moskau no sinn 39 Mënschen ëmkomm. Lauter Membere vum Militär.

Den trageschen Accident ass bei der Landung geschitt.