"E-Change"Eng nei Partei an der Belsch

An der Belsch ass en Dënschdeg eng Beweegung Realitéit ginn, déi sech zwar net als politesch Partei gesäit, mä als sougenannten „Groupe de pression“.

© echange.be
Si erënnert e bëssen un d’Beweegung „En Marche“ a Frankräich. Ënnert dem Numm „E-change“, regroupéiert déi pluralistesch Plattform eng Rei Politiker aus den ënnerschiddlechste Parteien, Acteuren aus der Wirtschafts- an och Kulturwelt, schafft Iddien aus, a versicht ze mobiliséieren.

Um Internetsite vun E-Change heescht et, datt een déi politesch Praktike wéi changéieren, de Bierger weisen a wéi wäit si d’Méiglechkeet hunn selwer z’agéieren.