No Massaker a SchoulVerschäerfte Waffegesetz a Florida ugeholl

Als Reaktioun op d'Massaker an enger Schoul zu Parkland a Florida, huet d'Repräsentantenhaus vum betraffene Bundesstaat e Waffegesetz ugeholl.

Dat neit Waffegesetz setzt de Mindestalter fir Waffen ze kafe vun 18 op 21 Joer erop. Et ass awer och virgesinn, dass Leit déi an enger Schoul schaffen oder Léierpersonal kënne mat Waffen equipéiert ginn. D'Gesetz gouf mat 67 Jo géint 50 Nee-Stëmmen guttgeheescht.

De Senat vu Florida hat de Gesetztext schonn e Mëttwoch accordéiert. E muss elo nach vum Gouverneur vum Bundesstaat Florida, dem Rick Scott ënnerschriwwe ginn, fir kënnen a Kraaft ze trieden. Ob de Republikaner dat mécht, steet nach net fest. De Rick Sott hat nämlech d'Propos vum Donald Trump refuséiert, Enseignante Waffen ze ginn.

Beim Massaker de 14. Februar hat ee fréiere Schüler vu 19 Joer 17 Mënschen erschoss a 17 blesséiert, wéi hien op si geschoss hat.