Eng Woch nom "Bommen-Zyklon"Zweete Schnéistuerm un der US-Ostküst erwaart

Et ass knapp eng Woch hier, dass un der amerikanescher Ostküst 8 Mënschen duerch e sougenannte "Bommen-Zyklon" ëm d'Liewe koumen.

© AFP

Elo erwaarden d'Awunner op en Neits extrem Wiederkonditiounen. Wéinst engem neie Schnéistuerm hunn d'Gouverneure vun de Bundesstaaten New York, New Jersey, Massachusetts den Noutstand ausgeruff. D'Meteorologen erwaarden a verschiddene Regioune bis zu 30 Zentimeter Neischnéi. Vill Schoulen zu Philadelphia a Boston bleiwen en Donneschdeg zou. Iwwer 2.500 Volle goufe gestrach.