Mord um Kim WallProzess-Optakt géint de Peter Madsen um Donnescheg

Hie soll de Mäerder vun der schwedescher Journalistin Kim Wall sinn. En Donneschde fänkt zu Kopenhagen de Prozess géint de Peter Madsen un.

© AFP

Den 47 Joer alen Dän kritt virgehäit d’Journalistin während enger Visitt op sengem U-Boot ëmbruecht ze hunn. D‘Kim Wall sollt een Interview mam Mann maachen. Den 10. August war si du verschwonnen. E puer Woche méi spéit goufen hir zerstéckelt Iwwerreschter separat vun enee fonnt.

Am Ganze solle während dem Prozess 37 Zeien aussoen. D’Uerteel gëtt sech dann den 25. Abrëll erwaard.

Detailer zum Personnage Peter Madsen op RTL Today.
RTL NEWS: DIY submarine maker Peter Madsen, the dark inventor