Trump mécht eeschtUSA féiere Stroftaxen op Aluminium a Stol an

En Donneschdeg den Owend huet den US-President déi laang ugekënnegt Stroftaxen op bestëmmt Importer guttgeheescht.

USA féiere Stroftaxen op Aluminium a Stol an (09.03.2018)
En Donneschdeg den Owend huet den US-President déi laang ugekënnegt Stroftaxen op bestëmmt Importer guttgeheescht.
Den amerikanesche President huet all Warnungen a Menacen ignoréiert, an déi annoncéiert Stroftaxen op Stol an Aluminium an d'Realitéit ëmgesat. Mat senger Ënnerschrëft huet hie en Donneschdeg ordonnéiert, dass d'Taxe vu 25% op Stol an 10% op Aluminium a 15 Deeg sollen a Kraaft trieden. Exceptioune si fir d'EU-Länner an enger éischter Phas net virgesinn, dofir awer fir Kanada a Mexiko.




Den Donald Trump hat déi Mesure jo scho méi dacks ugekënnegt, fir déi amerikanesch Wirtschaft ze protegéieren. Bei der Ëmsetzung huet hie sech op e Gesetz iwwer déi national Sécherheet bezunn (Artikel 232).

Säin Argument: Den Handelsdefizit vun den USA wier einfach ze grouss. D'Leit misste verstoen, datt déi amerikanesch Industrie zerstéiert géif ginn. Wat d'EU ugeet, hätt déi Handelsbarrièren, déi méi schlëmm wiere wéi d'Taxen. A wann d'EU Géigemesuren elo envisagéiere géif, da géif hien Taxen op den europäeschen Autoen aféieren. 

Den Donald Trump



Vill Amerikaner deelen dem Trump seng Vue net. Säin Haaptwirtschaftsberoder Gary Cohn hat dowéinst esouguer demissionéiert.



Aner Länner an och d'Europäesch Unioun haten den Trump expressis verbis virun engem Handelskrich gewarnt. Den US-President hat jo getwittert, esou ee wier fir d'USA einfach ze gewannen ...



D'EU, China a Brasilien haten an de leschten Deeg mat Géigemesure gedreet, sollt den US-President seng Annonce an d'Realitéit ëmsetzen, ma en Donneschdeg den Owend eiser Zäit huet den Donald Trump am Wäissen Haus déi zwou Proklamatiounen a Präsens vu Stolaarbechter ënnerschriwwen.




Europa exportéiert fir ongeféier 5 Milliarden Euro Stol an 1 Milliard Euro Aluminium d'Joer an d'USA.

D'EU hat jo och schonn haart driwwer nogeduecht, Taxen op typesch US-Produiten anzeféieren, zum Beispill Whiskey, Jeans, Peanutsbotter ..., wat awer och net op just Zoustëmmung gestouss war.




Vu Säite vun der EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström war et en Donneschdeg den Owend d'Fuerderung, dass d'EU sollt vun de Stroftaxen ausgeschloss ginn. D'Europäesch Unioun wier en enken Alliéierte vun den USA an et wier ee weiderhin dovun iwwerzeegt, dass dës Mesuren net sollte fir d'EU gëllen.




China huet d'Taxe schaarf kritiséiert. Et wier eng grave Attack op den internationalen Handel, heescht et e Freideg de Moie vu Peking. China géif effikass Mesuren envisagéiere fir seng legitim Rechter an Intressien ze verdeedegen. D'USA géifen duerch dës Taxen net nëmmen anere Länner, mä och hiren eegenen Intressie schueden.

Ähnlech Reaktioun aus Japan. Decisioun vum amerikanesche President wier bedauerlech. Et géif ee fäerten, dass dës Mesure en heftegen Impakt op déi wirtschaftlech Relatiounen tëscht Tokyo a Washington hätt. De japaneschen Ausseminister huet annoncéiert, dass d'Konsequenze fir déi japanesch Ekonomie fir d'éischt am Detail géifen analyséiert ginn, ier déi néideg Géigemesuren an d'Wee geleet ginn.

Den Ament sinn Mexiko a Kanada net vun der Mesure betraff. Déi kritiséieren allerdéngs, datt hir Ausnahm un d’Verhandlunge vum nordamerikanesche Fräihandelsaccord NAFTA gekoppelt ass.

D’Wäisst Haus huet annoncéiert, datt d’Länner, déi vun der Stroftaxe concernéiert sinn, Diskussioune kéinten entaméieren, fir och Ausnameregelungen ze kréien.

Ronn 10 Prozent vum Lëtzebuerger Stol gëtt an d’USA exportéiert. Dat ass ee Volume vu ronn 2,4 Milliounen Tonnen.

De Michel Wurth am Interview (Extrait) (09.03.2018)
Kéinten d'US-Stroftaxe Lëtzebuerger Betriber a Schwieregkeete bréngen? Hei d'Äntwert vum Member vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.