Verhandlunge lafenKritt den Obama geschwënn eng eege Show op Netflix?

De fréiere President Barack Obama wëll sech berufflech nei orientéieren.

© AFP

De Barack Obama soll, wéi d'New York Times schreift, a Gespréicher mat Netflix sinn, fir eng eege Show. Wéi et heescht, wieren d'Verhandlunge schonn zimlech wäit fort. Sou eng Serie kéint dem Obama, iwwert de weltgréissten Streaming-Service a sengen 118 Milliounen Abonnenten, eng global Plattform verschafen.

D'New York Times berifft sech op Leit, déi bei dëse Verhandlungen dobäi sinn. Wéi et heescht, wieren d'Gespréicher awer nach net ofgeschloss. Iwwert de Contenu vun der Emissioun ass nach näischt bekannt. Den Obama wéilt awer net direkt op d'Politik vu sengem Nofolger Donald Trump reagéieren, sou nach d'New York Times.