Dramatesch Zuele vun Ost-GhutaMSF: Iwwer 1.000 Doudeger an 4.800 Blesséierter

Iwwer 1.000 Mënsche sinn zanter Mëtt Februar während der Militäroffensiv vu Regierungstruppen op d’Rebellenhéichbuerg Ost-Ghuta a Syrien ëm d'Liewe komm.

Déi dramatesch Zuelen huet d’Hëllefsorganisatioun "Médecins sans frontières" en Donneschdeg matgedeelt. Iwwert 4.800 Persoune wiere blesséiert ginn. 15 vun den 20 Spideeler déi vun MSF ënnerstëtzt ginn, wiere während der Offensive bombardéiert ginn.

Zanter dem Ufank vum Krich a Syrien viru 7 Joer sinn déi leschten dräi Wochen mat déi schlëmmste an intensiivste Bombardementer gewiescht.