Mayen (D)Camion mat Lëtzebuerger Plack a Frontal-Crash verwéckelt

An Däitschland an der Géigend vu Mayen gouf et um Donneschdeg en Accident, an deen 2 Autoen an e grousse Camion mat Lëtzebuerger Placke verwéckelt waren.

© input presse

Deen een Automobilist gouf méi schwéier blesséiert a war a sengem Gefier ageklemmt, deen aneren an de Chauffer vum Camion méi liicht. De Materialschued ass héich, e gëtt op 100.000 Euro geschat.