VIDEO: JordanienLëtzebuerger Kannerdokter hëlleft a Flüchtlingsheem

Den Dr. Jerry Kieffer ass Kannerdokter aus Iwwerzeegung an dowéinst geet hien och fir eng ONG a Jordanien, fir do Kanner ze hëllefen.

Lëtzebuerger Dokter a Flüchtlingscamp a Jordanien (16.03.2017)
Aarbecht vun engem Lëtzebuerger Dokter, deen an engem Flüchtlingscamp a Jordanien schafft.

80.000 Flüchtlingen an deem Camp bei der Syrescher Grenz. 20 Prozent sinn am Camp gebuer. Kanner sinn den eenzege Räichtum. Hei hätten d'Leit Sécherheet, Iessen an Daach iwwer dem Kapp. D'Froen iwwer d'Zukunft - hir an déi vun hirem Land -bleiwen awer ouni einfach Äntwerten.

1994 huet de franséische Kardiolog  Alain Deloche d’ONG La Chaîne de l’Espoir gegrënnt. Haut kënnen all Joer 5.000 Kanner a Nout uechter d'Welt operéiert ginn an 2016 ass och eng Lëtzebuerger Chaîne gegrënnt ginn!  Un hirer Spëtzt steet den Dr. Jerry Kieffer, Kannerchirurg, dee spezialiséiert an der Orthopedie. Hie schafft net just an der Kannerklinik, mä fiert selwer regelméisseg mat op Missioun.

Et sinn zwou verschidde Welten, wou d'Missioun awer ëmmer déi selwecht ass: kranke Kanner ze hëllefen. D’Caroline Mart huet den Dokter e puer Deeg begleet, e Mann dee säi fräiwëllegen Asaz net un d'grouss Klack hänkt.