Timbuktu a Mali1 Doudegen an 10 Blesséierter bei Attacken op d'Blohelmer vun der UNO

Dat ass de Bilan nodeems am Mali d'Casques Bleus vun der UNO op hirem Stëtzpunkt attackéiert goufen.

D’Täter hätte sech als Blohelmer verkleet, heescht et. Si hätte versicht mat Gefierer, déi mat Bommen ekippéiert waren, an d’Basis eranzekommen. Ee Won konnt gestoppt ginn, een anere war explodéiert. Donieft hunn d’Täter mat Rakéiten op d’Basis bei Timbuktu geschoss.