BarcelonaManif fir Liberatioun vun Onofhängegkeet-Leaderen

Zéngdausende Mënschen hunn zu Barcelona fir d'Liberatioun vun 9 Leadere vun der katalanescher Onofhängegkeetsbeweegung demonstréiert.

Ronn sechs Méint no den éischten Festnahmen fuerderen d'Demonstranten Fräiheet fir déi politesch Prisonnéier. De spueneschen Parquet reprochéiert ënnert anerem dem Kandidat fir d'Amt vum katalaneschen Regionalpresident Jordi Sanchez, an dem Chef vun enger katalanescher Kultur-Organisatioun Jordi Cuixart, Rebellioun.