Kämpf an US-Prisong7 Prisonéier kommen ëm d'Liewen, 17 gi blesséiert

An engem Héichsécherheetsprisong am US-Bundesstaat South Carolina sinn um Méindeg de Moie schwéier Kämpf tëscht Prisonéier ausgebrach.

© AFP (Archiv)
Wéi d'Wäerter d'Männer bis konnten auserneebréngen, ware 7 Prisonéier ëm d'Liewe komm a 17 goufe blesséiert.

Am Prisong vu Bishopville, eng 80 Kilometer vun der Columbia, der Haaptstad vum Bundesstaat ewech, sëtzen déi geféierlechste Verbriecher aus South Carolina.