"New Yorker" an "New Yorker Times"Pulitzerpräis fir Journalisten, déi Weinstein-Affär opgedeckt hunn

D'"New York Times" an den "New Yorker", déi dat lescht Joer d'Harvey-Weinstein-Affär erausbruecht hunn, kruten de Pulitzerpräis.

Ronan Farrow
Déi zwou Publikatioune kruten dëse prestigiéise Präis an der Kategorie "Déngscht un der Ëffentlechkeet".
De Comité huet "explosive Journalismus mat Format a Konsequenz" ausgezeechent. D'Affär hat #metoo-Well ausgeléist.



De Präis fir investigative Berichterstattung goung iwwerdeems un d'Washington Post. D'Zeitung gouf fir hir Artikelen iwwert de republikanesche Kandidat fir de Senat, Roy Moore aus dem Bundesstaat Alabama gewierdegt. Hie soll Meedercher am Teenager-Alter belästegt hunn. Hie war deemools net gewielt ginn.

An der Kategorie "national Couverture" goufen d'Washington Post an d'New York Times mam Pulitzer-Präis ausgezeechent, an zwar wéinst hire Recherchen am Kader vun de presuméierte russeschen Influenzen an den amerikanesche Wahlkampf am Joer 2016.



An der Kategorie Musek gouf iwwerdeems den amerikanesche Rapper Kendrick Lamar mam Pulitzer Präis geéiert, fir säin Album DAMN. Et ass dëst eng Première fir en Hip-Hop-Artist. Et wier eng grouss Unerkennung fir de Kënschtler, dee mat grad eréischt 30 Joer schonn 12 Grammye gewonnen huet. Eng éischte Kéier gouf de Pulitzer Präis, deen et zanter 1917 gëtt, an der Kategorie Musek am Joer 1943 iwwerreecht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.