NoutlandungDefekt Turbinn beschiedegt Carcasse, eng Persoun gestuerwen
Um Dënschdeg den Owend koum et bei engem Fluch vu SouthwestAir vun New York op Dallas zu engem uergen Tëschefall. Eng Persoun huet net iwwerlieft.
Vun RTL

E Fliger vu SouthwestAir huet missten zu Philadelphia noutlanden
Zeienaussoen no wier während dem Vol eng vun den Turbinnen explodéiert, doropshin ass eng Fënster am Fliger futti gefuer. Eng Fra, déi just virdru souz wier schwéier blesséiert ginn. Wéi et an de Medien heescht, wier d'Fra vu Stécker vun der Turbinn getraff a bal aus der Fënster gerappt ginn. Aner Passagéier hätten si fest gehalen. Déi Onglécklech huet net iwwerlieft.
Weider siwe Persoune goufe méi liicht verwonnt. De Fliger ass zu Philadelphia noutgelant.
What a flight! Made it!! Still here!! #southwest #flight1380 pic.twitter.com/Cx2mqoXVzY
— Joe Marcus (@joeasaprap) April 17, 2018
If this ends up being the opening scene to Final Destination 13, I'm going to be really salty. #Flight1380 pic.twitter.com/feK7cPZS70
— Matt Tranchin (@mtranchin) April 17, 2018
Update on Flight #1380: pic.twitter.com/JhwVlUBeia
— Southwest Airlines (@SouthwestAir) April 17, 2018
#WN1380, New York-Dallas, suffered an apparent uncontained failure of the #1 engine and diverted safely to Philadelphia. https://t.co/XpU9UJXxMv pic.twitter.com/Qh7Rw6A5Hy
— Flightradar24 (@flightradar24) April 17, 2018