NashvillePlakegen Amokleefer gouf um Méindeg verhaft

Am US-Staat Tennessee huet e Mann e Sonndeg an enger Banlieue zu Nashville 4 Mënschen an engem Restaurant erschoss an der op d'mannst 4 blesséiert.

Wéi et vun der Police heescht, wier de Mann vun 29 Joer aus dem Illinois, plakeg mat sengem Pick-Up bei de Restaurant gefuer komm. Hien huet zwee Mënschen virun der Dier erschoss an eng Persoun dobannen. Dat véiert Affer ass an der Klinik u senge Blessure gestuerwen. 

E Client war dertëscht gaang, fir dem Mann d'Gewier aus der Hand ze huelen. De Verdächtegen huet sech duerno ze Fouss dervu gemaach.

D'Police huet mat engem groussen Dispositif nom Mann gesicht, ënnert anerem mat engem Helikopter. Um Méindeg konnt hie gepëtzt ginn.