TorontoCamionnette rennt an d'Leit, 10 Doudesaffer, Chauffer verhaft

Um Méindeg ass eng Camionnette zu Toronto express an eng Grupp vu Leit gerannt. 10 Leit sinn derbäi ëmkomm. 15 Leit goufe blesséiert, sou d'Police.

Camionnette rennt an d'Leit, 10 Doudesaffer (24.04.2018)
Um Méindeg ass eng Camionnette zu Toronto express an eng Grupp vu Leit gerannt. 10 Leit sinn derbäi ëmkomm. 15 Leit goufe blesséiert, sou d'Police.
Wéi et vun der Police heescht, hätt de Chauffer dat express gemaach. Déi national Sécherheet wier awer net a Gefor, sou den zoustännege Minister. Et soll sech sengen Aussoen no ëm en Eenzelfall handelen.

De Chauffer vun der Camionnette konnt antëscht identifizéiert ginn. Et handelt sech ëm e 25 Joer ale Mann aus dem Norde vun Toronto. Hie war e Méindeg de Mëtteg Lokalzäit, an enger beliefter Strooss vun der kanadescher Metropol, mat voller Vitess an d'Foussgänger gerannt.

D'Police konnt de Chauffer kuerz drop unhalen a verhaften. Hie sot, hien hätt eng Waff an huet geruff "Bréngt mech ëm". Zu enger Schéisserei soll et awer net komm sinn. Iwwer méiglech Hannergrënn vun der Dot ass nach näischt gewosst.  D'Enquête leeft. Fënnef vun de Blesséierte schwiewen a Liewensgefor.