MilitärmanöverNordkorea dreet, fir Treffe mat Donald Trump ofzesoen

Wéinst engem geplangte Militärübung vun den USA an Südkorea dreet elo Nordkorea, fir dat geplangtent Treffen tëscht Kim Jong Un an Donald Trump ofzesoen.

Den US-Ausseminister Mike Pompeo hat déi lescht Woch den Nordkoreanesche Leader Kom Jong Un getraff, dat als Preparatioun op d'Gespréicher den 12. Juni.© AFP (Archiv)
Am Nordkorea-Konflikt stoungen d'Zeeche bis ewell op Entschäerfung. Dat schéngt sech awer elo nees geännert ze hunn. Nordkorea huet déi fir dëse Mëttwoch geplangte Gespréicher mat Südkorea ofgesot. Dat melle südkoreanesch Medien.

Ursaach dofir soll e Militärmanöver vu Südkorea mat den USA sinn. Pjöngjang huet dëse Manöver als Provokatioun bezeechent. Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un soll och domat gedreet hunn, de geplangte Sommet mam amerikanesche President Donald Trump ze annuléieren, sollten d'USA weiderhin eesäiteg drop bestoen, dass Nordkorea säin Atomprogramm opgëtt.

Dat sot um Mëttwoch de Moien den nordkoreaneschen Vize-Ausseminister. Hien huet den USA reprochéiert, säi Land duerch politeschen Drock wëllen an d'Enkt ze dreiwen.

Eng Porte Parole vum US-Ausseministère sot iwwerdeems, dass d'USA bis ewell keng Ofso krut hätten. D'Preparative fir de Sommet tëscht Trump a Kim géife weider goen. Déi mat Spannung erwaarte Gespréicher tëscht dem nordkoreanesche Staatschef an dem US President si fir den 12. Juni zu Singapur geplangt.

Kuerz éier dës Noriicht publik gouf, war den Europadeputéierte Frank Engel am Studio vun Tëlee Lëtzebuerg an huet do ënnert anerem iwwer d'Situatioun an Nordkorea geschwat.