KatalounienRajoy bereet fir Gespréicher mam Quim Torra

Den neie katalanesche Regionalpresident Quim Torra huet zum Dialog opgeruff.

Een Dag, nodeems hien un d'Spëtzt vum katalanesche Regionalparlament gewielt gouf, huet hien en Appell un d'Zentralregierung gemaach sech perséinlech ze gesinn.

Donieft huet de Quim Torra op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat sengem Virgänger Carles Puigdemont zu Berlin betount, dass d'Regierung vum Mariano Rajoy endlech misst d'Walresultat vum Dezember acceptéieren. De Rajoy huet sech en Dënschdeg den Owend zu Gespréicher mam Quim Torra bereet erkläert. Hien huet awer och betount, dass eng Lassléisung vu Katalounien awer och weiderhin net zur Debatt steet.