KilaueaOp Hawaii gëllt den Ament eng rout Alerte fir d’Aviatioun

De Vulkan Kilauea huet nees grouss Wolleke vun Äschen ausgespaut an et fäert een eng imminent Eruptioun vum Vulkan.

Ee weidere Lavaspalt gouf déi lescht Deeg entdeckt.

Och d’Populatioun gouf virun der Gefor fir d’Gesondheet gewarnt. Si misste Mesuren huele fir d’Äschen net anzeootmen, huet et vun der Protection civile geheescht.

Zanter deem de Vulkan Kilauea aktiv ass, sinn op d'mannst 40 Haiser duerch Lavastréim zerstéiert ginn.