SyrienAsaz vu chemesche Waffe gouf vun der OPCW bestätegt

D'Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen bestätegt no intensive Recherchen, dass am Februar Gëftgas an der Stad Sarakeb agesat gouf.

A Syrien ass am Februar wahrscheinlech Chlorgas agesat ginn.

D'Chemiewaffen-Experten hunn dat um Mëttwoch confirméiert. Dat wär d'Resultat vun enger Analyse vun den eegenen Experten, heescht et vun der Organisatioun fir e Verbuet vu Chemiewaffen, kuerz OPCW. De 4. Februar soll deen Asaz vun de verbuedene Chemiewaffe zu Sarakeb gewiescht sinn. D'Organisatioun huet allerdéngs kee Mandat fir festzestellen, wee fir deen Asaz responsabel ass.

Et gëtt jo och de Verdacht, datt am Abrëll Chemiewaffen zu Duma agesat goufen. Hei gëtt et awer nach keng Resultater.

Eleng an dësem Joer soll et a Syrien op d'mannst 7 Virfäll gi si mat Chlorgas.

Syrien hat u sech scho viru Joren zougestëmmt fir seng Chemiewaffen ze vernichten. Ob dat geschitt ass, ass onkloer. Chlogas fält och theoretesch net ënnert der Verbuet, well et och fir zivil Zwecker kann agesat ginn.