Atom-Accord mam IranEU reaktivéiert Gesetz, fir Accord ze retten

Fir den Atom-Accord mam Iran ze retten, wäert d’Europäesch Unioun e Gesetz reaktivéieren wat d’Ofwier vun US-Sanktioune virgesäit.

© AFP (Archiv)

De sougenannte "Blocking Statut" wäert e Freideg de Moien op de Wee bruecht ginn, sot den EU-Kommissiounspresident Juncker en Donneschdeg de Mëtteg nom Ofschloss vum EU-Westbalkan-Sommet zu Sofia.

D’USA hunn den Accord jo ausser Kraaft gesat. D’EU wëll weider dru festhalen a steet och a permanente Gespréicher mat Teheran.