US-Senat huet ofgestëmmtGina Haspel éischt Fra un der Spëtzt vun der CIA

D'Fra, déi vum US-Senat confirméiert gouf, ass ëmstridden. Si soll 2002 fir e geheime Prisong vun den Amerikaner an Thailand responsabel gewiescht sinn.

© AFP
Hei sollen Terrorverdächteger duerch de sougenannte Waterboarding gefoltert gi sinn. Hir gëtt reprochéiert, méi spéit un der illegaler Zerstéierung vu Videoe bedeelegt gewiescht ze sinn.

En Donneschdeg huet den US-Senat d'Nominatioun vum Gina Haspel un der Spëtzt vun der CIA trotz de Virwërf confirméiert. Déi 61 Joer al Fra gëtt domadder d'Nofolgerin vum Mike Pompeo, dem neien amerikaneschen Ausseminister.