2 Bridder festgehollA Frankräich soll een Attentat verhënnert gi sinn

Zwee Bridder, déi egyptesch Originnen hunn, sollen eng Attack mat Sprengstoff oder mat Gëft a Frankräich geplangt hunn. D’Bridder si festgeholl ginn.

Dat huet de franséischen Inneminister Collomb e Freideg de Moien op der Televisiounschaîne BFMTV annoncéiert. D'Annonce vum Inneminister kënnt nëmmen e puer Deeg no enger islamistescher Messerattack zu Paräis leschte Weekend, bei där e Mann e Mënsch ëmbruecht a der 5 blesséiert hat.