Ägypten-GazasträifGrenziwwergank soll während Ramadan opbleiwen

Ägypten wëll de Grenziwwergank zu der Gazasträif während dem ganze Faaschtemount Ramadan oploossen.

Sou laang ass d'Blockade vum Palestinenserterritoire zanter Joren net gelackert ginn.

Wéi den ägyptesche President Fatah al-Sisi iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt huet, hätt hien d'Ouverture ordonnéiert fir Zitat d'"Laascht vun eise Bridder an der Gazasträif ze reduzéieren".

"D'Äntwert vun Israel géintiwwer de palestinensesche Manifestanten an der Gazasträif war komplett disproportionéiert."
Dat sot um Freideg den Haut-Commissaire fir d'Mënscherechter bei der UNO, Zeid Ra'ad Al Hussein. Dat géif de Kontrast vun den Afferzuelen op de verschiddene Säite weisen. Doudeger géifen op en illegale Gebrauch vu Gewalt zréckgoen, sou de Mënscherechtsbeoptragten. Den UNO-Vertrieder ënnerstëtzt d'Iddi, datt d'Virfäll am Kader vun enger onofhängeger internationaler Enquête iwwerpréift sollte ginn.