Trump-WalverspriechenSenat stëmmt fir manner Regulatioun fir d'Banken

De Kongress huet d'Virschrëfte fir d'Banken gelackert, déi no der Finanzkris agefouert gi waren.

Nom Senat huet och d'Representantenhaus fir déi ëmstridde Mesure gestëmmt. Besonnesch Dausende kleng a mëttelgrouss Banken profitéieren dovunner. D'Kärelementer vum Text fir grouss Banken bleiwen awer a Kraaft. D'Wäiss Haus hat argumentéiert, d'Banken duerch dëse Schrëtt virun der "exzessiver Regulatioun" zu schützen.