ItalienConte soll nei Regierung forméieren

Den italienesche Staatspresident Mattarella huet dem Kandidat vun der Fënnef-Stäre-Beweegung a vun der rietspopulistescher Lega den Optrag ginn.

Domadder steet enger Koalitioun tëscht der populistescher 5-Stäre-Beweegung an der friemefeindlecher Lega näischt méi am Wee. De proposéierte Regierungschef huet schonn annoncéiert d'Plaz vun Italien an Europa an der Welt ze behaapten.

E Mëttwoch hat de Sergio Materella den Guiseppe Conte fir zwou Stonne bei sech geruff. De politeschen Newcomer muss elo seng Regierung zesummestellen, déi dann nach vum President an dem Parlament zu Roum confirméiert muss ginn.



Virun der Nominatioun, huet d'EU-Kommissioun Italien nach gewarnt via eng Hausse vun den Depensen de Scholdebierg vum Land nach ze vergréisseren. Italien misst eng credibel Äntwert op säi Scholdeproblem fannen, heescht et vum Wirtschaftskommissär Pierre Moscovici. D'Marchéeën an d'Wirtschaft maache sech och Suergen wéinst de rezenten Entwécklungen zu Roum. D'5-Stären an d'Lega hunn nämlech en Enn vun der Austeritéit annoncéiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.