TurinRegionalzuch kollidéiert mat engem Camion - 2 Doudeger

Zwee Doudeger an eng 20 Blesséierter, dat ass de Bilan vun engem Zuchaccident an der Nuecht op en Donneschdeg an der Géigend vun Turin.

E Regionalzuch ass bei enger Barrière an e Camion gerannt. En Deel vum Zuch ass doropshin entgleist. De Maschinist war op der Plaz dout. E Passagéier ass no senge schwéiere Blessuren um Wee fir an d'Klinik gestuerwen.