Déidlechen AccidentLëtzebuerger Camion kritt op B51(D) Foussgänger ze paken

Op der B51 tëscht Tréier a Bitburg huet ee Foussgänger probéiert, queesch iwwert d'Bundesstrooss ze goen.

© INPUT Presse

Ee Camion aus Lëtzebuerg krut de Mann, dee queesch iwwert d'Strooss wollt goen, ze paken. De Foussgänger ass nach op der Plaz gestuerwen. All d'Moossnahmen vun der Rettungsekipp hate keen Erfolleg.



D'Streck tëscht Bitburg an Tréier huet fir den Trafic misste komplett gespaart ginn.