Nordweste vun DäitschlandEt ass nees Fipronil an Eeër festgestallt ginn

D’Eeër wieren aus engem Bio-Betrib an Holland komm, a goufen mëttlerweil aus der Vente geholl.

Am Summer zejoert hat de Firponil-Skandal jo europawäit fir Opreegung gesuergt. Millioune vun Eeër, wou d’Insektizid dra festgestallt gouf, goufen deemools vum Maart geholl.

Eng reell Gesondheetsgefor fir en Erwuessenen, deen en Ee ësst wou Firpronil dran ass, besteet net. Eréischt bei iwwerméisseger Consommatioun, respektiv bei Kanner ka Fipronil Auswierkungen hunn.