Während enger PartyKleng Duechter vum Schi-Star Bode Miller am Pool erdronk

Déi 19 Méint al Duechter vum US-Schi-Star Bode Miller a senger Fra Morgan ass e Sonndeg während enger Party an enger Schwämm erdronk.

© AFP
Wéi d'Police e Méindeg matgedeelt huet, konnt dat klengt Emeline Grier am Spidol net reaniméiert ginn. De Bode Miller a seng Fra ware selwer op der Party invitéiert, zesumme mat hire Kanner. Déi genee Ëmstänn vum Accident mussen nach gekläert ginn.




D'Feier war bei den Noperen. Wéi een d'Kand bis am Pool entdeckt hätt, war et vu sech. Trotz intensive Beméiunge konnt dat Klengt do schonn net méi zeréckgeholl ginn. Déi ganzen Zäit d'Meedche kee méi Bols gehat. D'Police huet annoncéiert, den Accident genee z'ënnersichen.

Dem Bode Miller seng Fra Morgan Beck ass eng fréier Beachvolleyballspillerin. D'Koppel huet nach e gemeinsame Bouf an d'Morgan erwaart fir den Oktober hiert drëtt Kand. De Bode Miller huet nach 2 Kanner aus fréiere Bezéiungen.

Hien ass de bis ewell erfollegräichsten US-Schisportler. Den haut 40 Joer ale Profi huet 33 Weltcup-Coursë gewonnen a gouf 4 Mol Weltmeeschter. Säi sportlechen Héichpunkt war eng Goldmedail 2010 zu Vancouver, donieft huet hie bei den Olympesche Spiller 3 Mol Sëlwer an 2 Mol Bronze gewonnen.