ParäisGrousse Police-Asaz: Geiselnehmer verhaft, keng Blesséierter

Am Zentrum vu Paräis ass en Dënschdeg den Owend eng Geiselnam onbluddeg op en Enn gaangen. Den Täter konnt festgeholl ginn, heescht et vun der Police.

Déi zwou Geisele koume fräi. Eng vun hinne gouf allerdéngs mat Bensin besprëtzt.

D'Geiselnam hat en Dënschdeg de Mëtteg um 16 Auer ugefaangen. En arméierte Mann hat am 10. Arrondissement zwou Persounen als Geisel geholl. D'Motiv ass nach ëmmer net gekläert.

Wéi et vun der Police heescht, hätt et vill Duerchernee ginn. Indicen op en terroristeschen Hannergrond ginn et awer net. D'Spezialunitéite waren am Asaz. Si hunn och mam Täter verhandelt.



Et soll sech ëm e 26 Joer ale Marokkaner handelen a war der Police bis ewell net bekannt. Kuerz virun 20 Auer hunn d'Beamten dunn d'Gebai, an dem hien sech mat de Geisele verschanzt hat, gestiermt. De Mann hat behaapt hien hätt eng Bomm bei sech.