USA - NordkoreaKim Jong Un hëlt Invitatioun vum Trump un

Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un huet eng Invitatioun vum US-President an d'USA ugeholl a wëll den Donald Trump och op Pjöngjang invitéieren.

Dat mellen um Mëttwoch de Moien nordkoreanesch Medien. Wéi et heescht, hätt di zwee Top-Leader déi géigesäiteg Invitatioune mat grousser Freed ugeholl.

Dem Donald Trump no huet säin historesche Sommet mam Kim Jong Un dozou bäigedroen, eng atomar Katastroph ze verhënneren. D'Welt wier elo e grousse Schrëtt vun enger méiglecher Katastroph ewech komm, sou den Trump op Twitter. Et géife keng Rakéiten- an och keng Atomtester a keng Fuerschung méi ginn, huet den US President getwittert.




Hien huet dem nordkoreanesche Staatschef nach eemol Merci gesot, dëse gemeinsamen Dag wier historesch gewiescht. De Kim Jong Un huet en Dënschdeg zu Singapur säin Accord fir eng komplett atomar Ofrëschtung ginn.

Weider Detailer wat den Zäitplang oder Kontrollmesuren betreffen, goufen nach net genannt.