Kurz op Visitt an DäitschlandLutte géint illegal Migratioun am Fokus

Den éisterräichesche Kanzler Sebastian Kurz ass e Mëttwoch op Visitt an Däitschland.

Et dominéiert d'Lutte géint déi illegal Migratioun. De Kurz wëll eng Achs vu Länner déi gemeinsam op deem Plang méi aktiv ginn a gesäit am däitschen Inneminister Horst Seehofer ee wichtegen Alliéierten.

Béid Politiker hunn dann och gemeinsam derfir plädéiert, dass d'EU-Baussegrenze wesentlech besser protegéiert musse ginn. Dowéinst misst d'Grenzschutz-Organisatioun Frontex entspriechend gestäerkt ginn. Am Viséier ass ënnert anerem Albanien, dat antëscht zu enger Altermativ-Route Richtung Nord-Europa ginn ass.