Minibus a Leit gerannt1 Doudegen an 3 Blesséierter um Pinkpop-Festival an Holland

Eng Persoun ass gestuerwen an 3 goufe schwéier blesséiert wéi e Méindeg de Moien e Minibus an der Géigend vum Festival-Camping an d'Leit gerannt ass.

© AFP

Et ass nach net gewosst, ob et en Accident war oder de Chauffer bewosst gehandelt huet. Hien huet sech nom Ongléck ewech gemaach.

Vill Visiteure waren zou Fouss ënnerwee bei hir Zelter, wéi de Minibus an d'Leit gerannt ass. Der Police no wieren d'Affer op der Strooss gaangen.

Um Musiksfestival, op deem ënnert anerem d'Foo Fighters, Pearl Jam an de Bruno Mars gespillt hunn, waren iwwert de Weekend all Dag iwwer 67.000 Leit.